Aktualiséiert den
Regierungsëmbildung
No senger Demissioun als Aarbechts- a Sportsminister gouf de Minister Georges Mischo haut de Moien an enger Abschidsaudienz vum Groussherzog empfaangen.
De Marc Spautz gouf als neie Regierungsmember vereedegt. Hien ass als Aarbechtsminister ernannt ginn.
D'Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Ministesch fir Konsumenteschutz, ass als Sportsministesch ernannt ginn.
Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung