Evolutioun vum Chômage am Dezember 2022

Moins de nouvelles inscriptions mais également moins d'offres d'emploi en décembre 2022

D'Zuel vun den disponibelen Demandeurs d'Emploi hei am Land, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, louch den 31. Dezember 2022 bei 15.760 Persounen. Dat ass eng Baisse vu 643 Persounen (-3,9%) am Verglach zu Dezember 2021. Virun allem bei Persounen, déi méi wéi 12 Méint op der Sich no enger Aarbecht sinn, ass dës Zuel zeréck gaangen. Wann een d'Zuel vun den Demandeurs d'Emploi, mat deene vum November lescht Joer vergläicht, ass awer eng Hausse vun 1.138 Persounen ze verzeechnen (+7,8%). Dës Hausse betrëfft virun allem Persounen iwwer 45 Joer.

De Chômagetaux, dee vum Statec berechent a vu saisonale Variatioune berengegt gouf, läit bei 4,8%.

D'Zuel vun de Persounen, déi sech nei bei der ADEM ageschriwwen hunn, ass erofgaangen. Esou hunn sech am Dezember 2022 2.182 Awunner ageschriwwen. Dat entsprécht engem Réckgang vun 78 Persounen oder 3,5% am Verglach zu Dezember 2021. Et sief drop higewisen, dat ënnert den Aschreiwunge vun dësem Mount och 87 Persoune waren, déi ënner temporärem Schutz stinn (Flüchtlingen aus der Ukrain).

D'Zuel vun den Awunner, déi de volle Chômage ausbezuelt kréien, ass op ee Joer gekuckt ëm 55 Persounen oder 0,7% zréckgaangen a läit elo bei 7.674. D'Zuel vu Persounen, déi vun enger Moossnam profitéieren, läit bei 4.008 an ass domadder ënnert dem Niveau vun Dezember 2021 (-217 Persounen oder 5,1%).

Am Laf vum Dezember 2022 goufen 2.679 Poste bei der ADEM ausgeschriwwen, wat engem Recul vu 17,8% am Verglach zu Dezember 2021 entsprécht. Um 31. Dezember 2022 waren 10.925 Poste fräi. Iwwer ee Joer gekuckt läit d'Progressioun bei 6,9%.

Méi detailléiert Tabellen zu dësen Donnéeë fannt Dir an der Publikatioun "Chiffres clés", déi Dir um Internetsite vun der ADEM oder um Statistikportal erofluede kënnt. Interaktiv Tabellen zu de Charakteristike vun den ageschriwwenen Demandeurs d'Emploi an zu de fräie Poste fannt Dir um Internetsite vun der ADEM  oder iwwer de Portal "Open Data".

D'Donnéeë fir Januar 2023 ginn den 20. Februar 2023 publizéiert.

Communiqué vun der Aarbechtsagence (ADEM)

Aktualiséiert